#42 - Talk mat enger Sexologin: Laura Hendriks - D'Hannergrënn vum Sexual Abuse

Описание к видео #42 - Talk mat enger Sexologin: Laura Hendriks - D'Hannergrënn vum Sexual Abuse

#luxembourg #podcast #cecidoyouloveme #sexualabuse #letzebuerg

CECI GOES YOUTUBE (elo réicht? - jo!)

An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun.

Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een onverfälschten Abléck an d’Realitéit vum Abus ginn. D’Laura analyséiert a diskutéiert déi: Wat sinn déi déifgrënneg Ursaache vum Abus? Wat geschitt am Kapp vu Täter an Opferen? Wéi erkennt een potentiell Täteren?

Ech krut vill Aussoen era geschéckt, mee et géing de Kader sprengen wann ech alles géing an eng Episode dramaachen. Ech hu mech also fir 3 spezifescher entscheet. Villmools Merci un déi Leit déi oppe waren fir hier Geschichten ze deelen.

De Bewosstsinn vu Muechtmëssbrauch muss gestäerkt ginn, dofir ass mäin Zil mat dëser Episode d'Präventioun ze fërderen an net victim blaming ze bedreiwen. Sou Themen musse méi vun de Medien ugeschwat ginn a sollen op kee Fall rofgeschwat ginn.

Du bass Opfer vu Gewalt ginn? Hei fënns du all d’Organisatiounen déi dir hëllefen kënnen: https://violence.lu/liste-des-contacts/
 
________________
Prod. & Edit: Cecilia Said Vieira
Camera & Sound: Yann Gengler & Shade Cumini @twostepstwicetwo
Lights: Tierry Cumini
Location: CID Fraen & Gender 
Support: Ministère de la culture

Комментарии

Информация по комментариям в разработке